De Georges Christen mam Bill Gates
04/11/2022

De 26. Oktober war de Bill Gates op Besuch zu Lëtzebuerg. Nieft senger Visitt bei der BEI huet de Milliardär sech och mam Lëtzebuerger Premier getraff.
Ma domat net genuch, de Milliardär huet och de Georges Christen, de wuel stäerkste Mann aus Lëtzebuerg, begéint. En Donneschdeg huet de Bill Gates elo op Instagram e Video dovunner verëffentlecht. Mir hunn den Georges Christen am Interview gehat an hien huet eis verzielt, wei d'Entrevue ofgelaf ass a wei hie vum Bill Gates sengem Personal kontaktéiert ginn ass.