''Mission Nichtrauchen''

03/01/2023
''Mission Nichtrauchen''
Play

An Däitschland ass d'Zuel vun de jonke Mënschen, déi ufänke mat fëmmen drastesch an d'Luucht gaangen. Par Rapport zum leschten Joer, hätt sech d'Zuel bei de Fëmmerten tëscht 14-17 Joer an de leschte 12 Méint quasi verduebelt, vu knapp 9 Prozent op 16 Prozent. Firwat dat esou wier, wier nach net ze erklären. Et gëtt vermutt, datt Dauerstress duerch Pandemie, Krich a soss Krisen ee Grond kéint sinn. 
D’Fondatioun Cancer ass sech bewosst, datt all Dag eng nei Chance ass fir e jonke Mënsch vum Fëmmen ofzehalen an huet dofir fir géint de Konsum vun Tubak virzegoen de Concours « Mission Nichtrauchen » an d’Liewe geruff. De Max Richartz weess méi.