D'Ausstellung "Bienvenue à la Villa!"

10/01/2023
D'Ausstellung "Bienvenue à la Villa!"
Play


De Konschtmusée Villa Vauban weist mat senger aktueller Ausstellung, wéi duerch Schenkungen a geziilten Akeef déi eege Kollektioun kontinuéierlech erweidert an ergänzt gëtt.

Ronn 60 Wierker ginn et den Ament am Albau vun der Villa Vauban ze bewonneren – dorënner Tableauen, Gravuren, Skulpturen an och Fotografien vun der hollännescher Molerei aus dem 17. Joerhonnert, bis hin zu zäitgenëssescher Lëtzebuerger Konscht. D‘Sandy Elsen huet mam Direkter vun de Stater Muséeën Guy Thewes an der Restauratrice Gisèle Reuter den Tour duerch d'Expo gemaach.