Wéi lafen d'Solden?
11/01/2023

Hutt Dir scho vun de Wantersolde profitéiert? Oder sidd Dir wéinst der Energiekris an der Inflatioun e bëssi méi virsiichteg gi beim Shoppen? D’Solden hunn hei am Land offiziell den 2. Januar ugefaangen a lafen nach bis den 28. Januar inclus. Vum Manu Konsbruck, dem Direkter vun der Belle Etoile, wollte mir wëssen, wéi hien dës bis ewell erlieft huet an ob d’Leit aneschters akafe wéi soss.