Top Thema Magazin: Lounen a Verlounen

16/01/2023
Top Thema Magazin: Lounen a Verlounen
Play

Et ass ëmmer erëm en Thema an de Medien : de Wunnengsmaart zu Lëtzebuerg. Bauen, Kafen, Lounen, iwwert di verschidde Sujete gëtt praktesch all Woch bericht. Den Owend am Magazin op der Tëlee dréint sech e Reportage ronderëm d’Lounen a Verlounen.  Wéi héich sinn d’Loyeren déi aktuell gefrot ginn ? Wéi vill Offer ass do ? A wéien Afloss huet di geplangte Reform dorobber ? Dat sinn e puer vun de Froen op déi d'Eqipe vum Magazin wollt Äntwerte fannen.