Likes a Stären - Firwat musse mer ëmmer alles bewäerten?
19/01/2023

Gehéiert der och zu deene Leit, déi no all Taass Kaffi an der Patisserie, oder no all Besuch beim Coiffeur eng Bewäertung op Google schreiwen? Komplett onwichteg Evenementer kréien een oder méi Stärercher oder en Daum héich, sief dat fir entweder d'Zefriddenheet, oder och d'Onzefriddenheet auszedrécken. Symboler a kuerz Texter beschreiwen d'Experienz a kënnen engem Betrib hëllefen, awer och extrem schueden, Michèle Schons?