RTL Reporter Portes Ouvertes Lycée Ermesinde, den anere Lycée
27/01/2023

Et ass e wichtege Moment fir d’Elteren an d’Schüler, de richtege Lycée erauszesichen. Dofir lafen elo erëm iwwerall d’Portes Ouvertes un. Den RTL Reporter huet sech ee Lycée méi genee ugekuckt. Am Lycée Ermesinde ginn d’Schüler anescht op d’Liewen an d’Aarbechtswelt preparéiert. Den Dan Vinkowski huet dofir d'Schüler an d’Direktioun getraff.