RTL Reporter Portes Ouvertes Lycée Ermesinde, hei gëtt och Theater gespillt
27/01/2023

Um Flyer schreift de Lycée Ermesinde dat si eng kleng familiär Schoul sinn. Elo kuerz virun der Porte Ouverte gëtt vill opgeriicht a geprouft fir de ganz groussen Optrëtt muer um Samschdeg, an dat souwuel an de Atelier’en wéi am Zirkus an am Theater. Den RTL Reporter war och mat de Schüler virum grousse Festsall an do huet den Dan Vinkowski nogefrot wéi alles preparéiert gëtt.