De Scheedungsmount Januar
27/01/2023

De Januar, och als Méindeg vun de Méint bezeechent, gehéiert net onbedéngt zu deene beléiftste Méint am Joer. An dat obwuel grad ëm dës Zäit vill Leit hier al Gewunnechte wëlle lass ginn a probéiere Verschiddenes am Liewen ze änneren. Deemno ass dëse Mount awer och fir vill Leit de Mount vum verzichten: Sief et op den Alkohol, op d'Zigaretten, de gudde Schockela oder eben anscheinend op säi Mann oder seng Fra.