Wéi vill Auer ass et um Mound?

31/01/2023
Wéi vill Auer ass et um Mound?
Play

Wa mer haut wësse wëlle wéi vill Auer et den Ament zu London, New York, Tokio oder Sydney ass, geet et duer e Bléck op de Smartphone ze geheien, deen engem dat an enger Sekonn verroden huet. Mee wéi ass et da, wa mer doriwwer eraus ginn, beispillsweis an den Himmel, de Weltall? Wéi vill Auer ass et um Mound? Gëtt et do iwwerhaapt eng Auerzäit?