Gepanschten Hunneg am Ëmlaf?

21/10/2024
Gepanschten Hunneg am Ëmlaf?
Play

Hunneg ass en Naturproduit, deen eigentlech strenge gesetzlechen EU-Richtlinnen ënnerläit. An awer ass am Handel ganz vill gepanschten Hunneg am Ëmlaf. Zu deem Resultat koum elo eng Analyse vum Däitsche Beruffs- a Privat-Imker Verband. Deemno wäre 25 vun 30 ënnersichte Prouwe mat bëllegem Zockersirop gestreckt.