Laterna Magica - eng Projektioun vum Melting Pol

22/10/2024
Laterna Magica - eng Projektioun vum Melting Pol
Play

Wien am Summer schonn zu Berlin war, konnt do - wann et däischter gëtt - gesinn wann d'Brandenburger Tor oder de Regierungsquartier sech verwandelen, an allméiglech faarweg Biller oder d'Geschicht quasi als Dokumentatioun drop projezéiert ginn. Nach bis de 27ten Oktober kann een och op der Plëss an der Stad beim Square Jan Palach en änleche Projet gesinn. Hei sinn et d'Gebaier vun der 'Chambre des Comptes' déi als Leinwand déngen, an hannert der Aarbecht stécht de Paul Schumacher.