RTL Reporter: Am Resistenzmusée – Bedeitung fir haut
07/02/2025

Haut si mir hei op RTL am Resistenzmusée zu Esch ënnerwee a beschäftegen eis mat der Geschicht vu Lëtzebuerg wärend dem Zweete Weltkrich. Däitschland huet de Grand-Duché den 10. Mee 1940 besat, déi lëtzebuergesch Regierung ass a Portugal, spéider op London geflücht. Eng ganz Rei Lëtzebuerger hunn sech awer der Germaniséierungspolitik opposéiert. De Loïc Juchem ass fir eis zu Esch a geet an de nächste Minutten drop an, wéi wichteg sou e Musée haut ass.