RTL Reporter: Schoulkantin - Wat gehéiert op den Teller?

10/02/2025
RTL Reporter: Schoulkantin - Wat gehéiert op den Teller?
Play

Wann een an der Mëttegstonn an der Géigend vun engem Lycée ënnerwee ass, da kommen engem d'Schüler nawell gäre gruppeweis entgéint gepilgert fir sech de Mo ze fëllen. An dobäi gëtt et an all Secondaire hei am Land eng Kantin. Dës ass allerdéngs nach laang net bei jidderengem beléift, d'Ursaachen dofir si ganz ënnerschiddlech. Fakt ass awer, dass d'Schoulkantin dofir suergt, dass den Nowuess sech anstänneg an och equilibréiert ernäert an do huet een all Dag de Choix tëscht direkt e puer Platen. Dës ginn och esou virgesinn, dass jiddereen eppes fënnt. Egal ob Allergien, Intoleranzen oder einfach nëmme perséinlech Preferenzen. Wat sou alles op den idealen Teller gehéiert, huet d'Nicky Soisson nogefrot.