RTL Reporter: Hannert de Kulisse vun der Schoulkantinn

10/02/2025
RTL Reporter: Hannert de Kulisse vun der Schoulkantinn
Play

Chefkach vun enger Schoulkantinn ze sinn, ass net wéi doheem fir d'Famill ze kachen. Hei sinn et enorm Portiounen, déi musse virbereet ginn an dobäi weess een och dacks am Virfeld net genee wéi vill Leit da sou iesse kommen. Vun de Commanden iwwert d'Preparatiounen, d'Presentatioun an d'Zerwéiere bis hin zu den néidege Moossnamen a punkto Hygiene, déi esou eng Kantinn mat sech bréngt, stécht eng enorm Logistik hannendrun, déi et gëllt ze geréieren. Eist Nicky Soisson, ënnerwee fir eis an der Schoulkantinn, war bis hannert d'Kulisse kucken a wollt wësse wéi den Alldag hei sou ausgesäit.