Super Bowl LIX: Wien ass Favoritt?
07/02/2025

Philadelphia Eagles géint d'Kansas City Chiefs - dat ass d'Affiche vum Super Bowl an der Nuecht vun e Sonnden op e Méinden. Gutt Noriicht fir alleguer d'American-Football-Fans: De Super Bowl gëtt am Free-TV um däitschen RTL iwwerdroen. Um 0:30 Auer eiser Zäit ass de Kick-off. Am RTL-Interview hunn déi zwee Experten Patrick Esume a Björn Werner hir Prognose verroden.