Vitaminn A - fir staark Aen
27/05/2025

Ouni si geet iergendwann näischt méi. Vitaminnen zielen zu de liewenswichtegen Närstoffer, well se ënnert anerem den Zellewuesstem ënnerstëtzen, d'Häerz undreiwen oder och d'Verdauung ukuerbelen. Doduerch dass de Kierper d'Vitaminnen net selwer bilde kann, ausser Vitaminn D, muss een se gréisstendeels iwwer d'Nahrung zou sech huelen. An eiser Serie iwwer Vitaminne, fänke mer haut mam A un.
