Menorca - déi fréier Haptstad Ciutadella
10/07/2025

Bis 1722 war Ciutadella d'Haaptstad vu Menorca, se ass ganz am Weste vun der Insel ze fannen a besonnesch d'Alstad kënnt bei villen Touriste gutt un. Dës ass bekannt fir déi enk Gaassen, historesch Palaisen an och déi zum Deel arabesch Konstruktiounen. Nieft der Alstad ass awer och de Naturhafen vu Ciutadella e Besuch wäert, vill Restauranten zerwéieren hei lokal Platen. De Loïc Juchem war déi lescht Deeg zu Menorca ënnerwee an hëlt eis elo mat op Ciutadella.