Menorca - Gin Xoriguer
11/07/2025

Mir sinn nach ëmmer ënnerwee op eiser Entdeckungsrees iwwer déi herrlech Insel Menorca – an haut hu mir eppes fir déi vum gudde Goût: de Loïc Juchem war an zu Mahòn, an der Haaptstad vu Menorca ënnerwee an huet d’Distillerie vun hirem Gin besicht. Dëse Gin, deen een och 'Mahón Gin' nennt, gëtt hei nach no traditionellem Rezept gebrannt. Sou eng Fläsch Gin ass awer gläichzäiteg och nach e flotte Souvenir, e Stéck Menorca. Déi traditionell Fläsch mat dem Grëff ass direkt erkennbar. De Loïc, deen déi lescht Deeg zu Menorca war, zielt eis elo e bësse méi iwwert hieren Gin.