Entreprenariat: Choix vum Numm vun der Firma
19/09/2025

Wann een eng Firma grënnt, da stellt sech iergendwann d'Fro vum Numm ënnert deem een dës umelle wëll. Wéi dee kann ausgesinn, hänkt och zum Deel dovunner of, wat ee vu Firma opmécht. Wann een zum Beispill eng sougenannten "Entreprise individuelle" kreéiert, da muss den Numm vun där Firma den Numm an de Virnumm vun der Persoun hunn déi di Firma kreéiert. Marie Langa, Juristin beim House of Entrepreneurship: