In Pace - Quincy Jones
01/11/2025

D'Musekslegend Quincy Jones war 2009 hei zu Lëtzebuerg gewuer ginn, dass de Michael Jackson gestuerwe war. Den Jones ass d'lescht Joer de 4. November am Alter vun 91 Joer zu Los Angeles verscheet. Iwwer Joerzéngten huet hie wéi keen aneren d'Musekswelt beaflosst. De Quincy Jones hat zwar kaum eegen Hits, dofir awer bei sëllegen anere grousse Produktioune seng Fangeren entscheedend am Spill. Eng musikalesch Zäitrees.
