Jean Grand-Duc vu Lëtzebuerg

E Film vum Jacques Van Luijk a Misch Bervard

Am Kader vum 50. Troun-Jubiläum vum Grand-Duc Jean hat RTL en eemolegen Documentaire iwwer säi Liewe produzéiert. E Film mat villen Zäit-Dokumenter, mat Biller, déi nach ni gewise goufen, informativ an emotional zugläich, eng Biographie vun engem grousse Monarch, dem Grand-Duc Jean, deen eng héich Beléiftheet bei de Lëtzebuerger genoss huet.