#Xavier - ee Joer mam Premier
Den Tim Hensgen an de Loïc Tanson kruten ee Joer laang e privilegiéierten Accès hannert d’Kulisse vum politeschen Alldag vum Lëtzebuerger Premier.
Vun "Off the Record"-Gespréicher mat anere Regierungscheffe wéi Merkel oder Macron um Bord vun den internationale Sommeten iwwert de Stress virun engem "Etat de la Nation" bis bei d’Ongewëssheet am Virfeld vun de Walen, den Documentaire hëlt de Spectateur hautno mat an d’Liewe vum Staatsminister a vun der Persoun Xavier Bettel.