Den OPL op Tournée a Südamerika
Lëtzebuerg a seng Museker am Ausland representéieren. Dat war d'Zil vun der eemoleger Geleeënheet, déi den OPL mat enger Südamerika-Tournée ergraff huet.
Iwwer 100 Leit, d'Museker an déi technesch Ekipp waren 10 Deeg laang ënnerwee. Mir hu si dobäi begleet an emol hannert d'Kulisse vun esou enger grousser Produktioun gekuckt.