COLORIZE - Eng artistesch Aventure um Cap Vert

Den Nicolas Havé huet zwee Street-Art-Kënschtler bei hirer Aventure um Cap Vert begleet.

Eng Mauer, e Pinsel an zwee Kënschtler – fir de Raphael Gindt an den Daniel Mac Lloyd si grouss Street-Art- a Graffiti-Projeten näischt Aussergewéinleches. Wuel jiddereen huet schonn ee vun hire Konschtwierker op Lëtzebuerger Fassaden hei am Land gesinn. Ma dass déi Zwee elo d’Éier haten, hir Konscht um Cap Vert ze veréiwegen, war dann awer schonns eppes Besonnesches.