Réckbléck op d'Sportjoer 2021: Mee
26/12/2021

Am Futtball, Handball, Volleyball an Dëschtennis ass am Mee d'Decisioun ëm de Championstitel gefall. De Huis clos gouf opgehuewen an et waren nees Spectateuren an de Stadione an an den Halen erlaabt. Am Futtball huet Chelsea d'Champions League gewonnen an de Robert Lewandowski de legendäre Rekord vum Gerd Müller geknackt. Donieft huet nach den Egan Bernal den Giro d'Italia gewonnen. D'Lynn Kayser mam Réckbléck vum Mount Mee.
