Futtball: Odyssee vun den 3 Nationalspiller aus der Ukrain eraus
01/03/2022

Et ware wuel déi schlëmmste Stonnen am Liewen vun deenen 3 Lëtzebuerger Futtballnationalspiller Oli a Vincent Thill an Enes Mahmutovic, déi jo allendräi Profi an der Ukrain sinn, fir aus dem Land, an deem zanter der leschter Woch d'Russen Krich féieren, erauszekommen. Fir déi 3 Betraffen, awer och fir d'Famill a Bekannten heiheem, ass d'Odyssee, e Sonndeg am Nomëtteg, glécklech op en Enn gaangen, Franky Hippert:
