TeamGym: Europameeschterschaft zu Lëtzebuerg war e volle Succee
20/09/2022

TeamGym ass Spektakel, bei TeamGym-Kompetitiounen ass eng richteg lass an der Hal. Anescht wéi zum Beispill beim Konschtturnen wou et ganz roueg ass, gëtt beim TeamGym, d'Musek voll opgedréit, an d'Spectateuren ab d'Sportler ginn bei all Übung richteg mat. D'lescht Woch war d'Europameeschterschaft vun dëser nach relativ neier Disziplin hei zu Lëtzebuerg an der Coque, an et war e vollen Erfolleg.
