Futtball-WM: Et gëtt eescht mat den Halleffinallen.
13/12/2022

Et gëtt vun den Owend 8 Auer un, richteg eescht op der Futtball-Weltmeeschterschaft am Qatar. An der éischter Halleffinall krit de Vizeweltmeeschter Kroatien et mat Argentinien an mam Messi ze dinn. Muer ëm déi nämmlecht Zäit ass et dann den Duell tëscht dem Weltmeeschter Frankräich an der Iwwerraschungsequipe Marokko. De Franky Hippert hëllt d'Ronn vun deene leschte 4 mam fréieren Lëtzebuerger Futtballnationaltrainer Guy Hellers ënnert d'Lupp:
