Podcast: Romain Gantrel
01/03/2023

Zanter knapp 2 Méint ass de Romain Gantrel President vum ACL-Sport. Dat ass a sech d´Federatioun vum Lëtzebuerger Automobilsport, deen scho besser Zäiten hat am Grand-Duché. Dëst Joer ass normalerweis mam Rallye de Luxembourg just nach eng Course hei am Land. Beim Rich Simon huet de Romain Gantrel ënnert anerem gesot, datt hie sech bewosst ass, datt dat net duergeet.
