Tripartite: Tëscht Energieschock a Klimakris

D'Regierung huet de Sozialpartner versprach, datt d’Energiehëllefen, déi den 31. Dezember auslafen, "op déi eng oder aner Manéier" verlängert ginn.
Et ass kloer, datt déi ablécklech geopolitesch Tensiounen an d'Kricher am Mëttleren Osten an an der Ukrain sou séier net wäerten op en Enn goen an den Drock op d’Energiepräisser an d'Präisser am Allgemenge bis wäit an d’nächst Joer eran héich wäert bleiwen. D’Regierung steet kloer ënnert dem Androck vun de schreckleche Biller vun den Debordementer a Frankräich an dem Walerfolleg vun der AfD an Däitschland a wëll dat onbedéngt verhënneren. Zu Lëtzebuerg soll dowéinst de soziale Fridde weider grouss geschriwwe ginn.
Mä zu wéi engem Präis? Fir de Statsbudget op där enger Säit, an awer och d'Versuergungssécherheet an natierlech och d'Klima op där anerer Säit.
