An der Klinik

Mat der Tessy Ruppert an hirer Labradordamm Miss geet et haut an d'Klinik an de Norde vum Land.

An eiser Summerserie 'Ausgebil(l)t – Muppe bei der Aarbecht', begleede mir ganz speziell Hënn an hir Meeschteren een Dag op hirer Aarbecht a ginn iech een Abléck wat et heescht net just privat, mee och berufflech Partner mam Hausdéier ze sinn.