De Promi-Spot - Episod 3: Mam Caroline Mart
An eiser Serie "Promi-Spot" hëlt eis haut d'Caroline Mart mat an de Parc Tony Neuman um Lampertsbierg.
An eiser Summer-Serie geet et haut op de Lampertsbierg an de Parc Tony Neuman. Et ass e Bijou an der Stad Lëtzebuerg, wou och d’Caroline Mart gäre seng Fräizäit verbréngt. Sief dat fir en einfachen Tour ze trëppelen oder awer e bëssen ze lafen. De Loïc Juchem trëfft d’Presentatrice vum Kloertext op dësem schéine Site a kuckt mat him op seng Karriär bei RTL zeréck.
Am Ufank als Studentin, dunn 1985 huet et richteg bei RTL Radio ugefaangen. Du goung et net direkt bei d’News, mee an d’Sport-Redaktioun. Net vill Anung vu Sport - ware sécherlech net vu Virdeel. Eng Quote-Fra wollt et ni sinn, huet ëmmer alles ginn a war sech fir näischt ze schued. Haut ass et eng vun de bekanntste Journalistinnen aus dem Land a presentéiert all 2 Woche seng Emissioun Kloertext.
D‘Caroline Mart, wat mat 17 Joer ugefaangen huet mat studéieren an och d’Erfarung gemaach huet, datt et als Fra an de Medien uganks guer net sou einfach war, léiere mer an dësem Reportage besser kennen.
