Réckbléck 2022 - Mobilitéit

D'Mobilitéit war och 2022 nees ee vun de groussen Themen.

Mam Ausbau vum Tram-, dem Zuch-Reseau oder dem Optakt vun den Aarbechten op der Diddelenger Autobunn gëtt versicht, de Problem vum deeglechen Trafic op d'mannst e bëssen an de Grëff ze kréien. An natierlech geet et och bei der Mobilité Douce virun, wou de Vëlo eng ëmmer méi grouss Roll spillt. Woubäi den Tram och 2022 nach ëmmer eng besonnesch Attraktivitéit am Land behält.