Logement 2022 - D'Joer vum Pakt Logement 2.0
Logementskris, Logementsmarché, Logementsproblem oder och nach Logemenstinvestitioun. Deemno wéi ee finanziell do steet, gesäit een d’Thema Logement anescht.
Wéi entwéckelt sech d'Wunnen an der Gesellschaft? Dat huet sech d'Monica Camposeo fir d’Joer 2022 ugekuckt. De Pakt Logement 2.0, deen am Februar a Kraaft getrueden ass, soll méi Terrain fir den abordabele Wunnengsbau virgesinn.
2022 war awer och e Joer, an deem eng ganz Rei Gesetzesprojete virgestallt an deposéiert goufen. No 80 Joer gëtt zum Beispill d'Grondsteier reforméiert an eng Spekulatiounssteier soll kommen. Donieft soll och d'Loyersgesetz op de Leescht geholl ginn a Logementer, déi eidel stinn, solle méi héich taxéiert ginn. Wat dovunner wéi genee ëmgesat gëtt, ass eppes fir de Joresréckbléck vum nächste Joer.