Réckbléck 2022 - Enseignement dëst Joer an an Zukunft

Eise Réckbléck op déi lescht 12 Méint am Enseignement, mat och den Aussiichten op déi nächst Zäit an der Schoul.

Mat der Schoulrentrée am September dëst Joer goufen eng ganz Partie Projeten a Reformen ëmgesat, dorënner d'Gratis- Kannerbetreiung, dat elektronescht Bichelchen an d'Alphabetiséierung op Franséisch. 2022 war awer och d'Formatioun vun de Quereinsteiger nees en Thema, grad wéi Gewalt-Videoe vu Jugendlechen.