Réckbléck 2022 - Justiz

Am Abrëll 2018 koum et zu Lëtzebuerg bannent enger Woch direkt zwee mol zu Course-Poursuitte mat engem déidlechen Ausgang.

Véier Joer méi spéit hunn déi jeeweileg Prozesser um Geriicht ugefaangen, wou driwwer debattéiert gouf, wéi sech Polizisten ze verhalen hunn a wéi en eventuellt Feelverhale vu Beamten am Déngscht gehandhaabt soll ginn? Weider huet d'Geriicht sech zejoert mam Verschwanne vum klenge Bianka Bisdorff beschäftegt an der Fro, ob d'Mamm hire Puppelchen 2015 ëmbruecht an d'Läich duerno entsuergt huet.