Brexit and Beyond

Lo ass et scho méi wéi dräi Joer hir, dass d'Britte fir de Brexit gestëmmt hunn, an nawell wësse mer net, wat um Enn genee geschéie wäert. An dobäi kéint den Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU eng Rei negativ Konsequenze fir Lëtzebuerg hunn, grad am Finanzsecteur. E Mann, dee sech quasi haaptberufflech mat esou Froen ausenanersetzt, ass de Nicolas Mackel. Hien ass den Direkter vun „Luxembourg for Finance“ a war de Mëtteg Invité vun der britescher Handelskummer hei zu Lëtzebuerg. D'Maxime Gillen huet dës Geleeënheet genotzt, fir sech mat him iwwert de Brexit z'ënnerhalen.
