Colloque Radikaliséierung

Radikaliséierung, an der Lescht nees en Thema zu Lëtzebuerg. Dat duerch de Fall Steve Duarte, de presuméierten Djihadist, dee jo 2014 a Syrien an de Krich gezunn war a sech do der Terrororganisatioun IS ugeschloss hat. Wat féiert Betraffener zur Radikaliséierung? Raphaëlle, Du has haut d'Geleeënheet Dech zu deem Thema mat engem fréieren Neonazi aus Däitschland ze ënnerhalen.
