Corona update

Thema vum Dag ass och haut nach eng Kéier den Ausbroch vum Coronavirus hei zu Lëtzebuerg. Nodeems de Premier an d'Gesondheetsministesch gëschter annoncéiert hunn, dass d'Schoulen elo fir zwou Wochen hir Dieren zoumaachen a geroden hunn déi sozial Kontakter op e Minimum ze reduzéieren, war et dann haut den Dag vun den Annulatiounen an de Fermeturen.
