Rentrée Grondschoul

No 10 Wochen Homeschooling war et haut endlech souwäit. D'Kanner hunn nees dierfen- an och mussen d'Schoulbänk drécken. Dat natierlech ënner ganz strikte sanitäre Konditiounen. No wochelaanger Organisatioun an vill Kritik ronderëm d'Re-Ouverture vun de Schoule war haut d'Nervositéit ganz grouss, ma awer och d'Virfreed. D'Annick Goerens war fir eis an der Primärschoul vu Walfer zu Helsem ënnerwee.
