Vëlosummer 2020

Vakanz Doheem an dat am beschte mam Vëlo. Dat ass d'Iddi hannert der Initiativ „Vëlosummer 2020“, déi de Mëtteg vun de Ministere fir Mobilitéit an Tourismus presentéiert gouf. An der Haaptsaach geet et jo drëm de Momentum ze notzen, deen déi lescht Woche ronderëm d'Vëlofueren entstanen ass.
