Zukunft Teletravail no der Covid-Kris

Vill Salariéen sinn duerch d'Coronakris op de Goût vum Télétravail komm. D'Patroen versichen dowéinst och ëmmer méi den Home Office an de Firmen ze etabléieren. Esou kommen d'Salariéen mat manner Stress op d'Aarbecht, eist Stroossennetz gëtt entlaascht an d’Employéen géifen doheem och méi produktiv schaffen. Fir verschiddener ass den Home Office awer och eng Erausfuerderung. Zemools wann en vun doheem aus schafft an d'Aarbecht mat der Schoul kombinéieren muss.
