Thema vum Dag: Observatoire de l'habitat

De Wunnraum ass zu Lëtzebuerg fir vill Leit e Problem, dat ass jo näischt Neies. De Wunnraum ass knapp an d'Präisser héich. Locatairen ginn dacks e groussen Deel vun hirer Pai fir de Loyer aus. Iwwer dëse Problem gouf haut och an der Chamberkommissioun vum Logement an der Famill an Integratioun diskutéiert.
