Rapport CCDH sanitair Kris

Wéi een Impakt huet déi sanitär Kris op d'Mënscherechter zu Lëtzebuerg - där Fro geet déi consultativ Mënscherechtskommissioun CCDH an engem neie Rapport no. Thematiséiert ginn ënnert anerem d'Situatioun vu Leit a besonnesch prekäre Situatiounen, wéi elengerzéiend Familljen, Flüchtlingen oder Mënschen, déi an Alters- a Fleegeheemer liewen. An do stelle si nach eng Rei Problemer fest, Fanny Kinsch.
