Bioaktiounsplang

Et geet an déi richteg Richtung, mee de Wee ass nach e laangen. Ee Joer nodeems de Bio-Aktiounsplang a Kraaft getrueden ass, dréit dëse lues awer sécher seng éischt Friichten, esou den Landwirtschaftsminister Romain Schneider de Mueren op enger Pressekonferenz. D'Fläch op der mëttlerweil Bio-Produiten ugebaut gi wier vun 2019 op 2020 em 7% geklommen. Aktuell si gutt 5% vun der genotzter Fläch zu Lëtzebuerg fir de Bio-Ubau reservéiert – den Tim Morizet mat e puer Explikatiounen.
