ANIL vs Vaccinatiounen BAND

D'Anil, d'Associatioun vun den Infirmièren an Infirmieren, ass iwwerzeegt, datt et nach ze fréi ass fir zu Lëtzebuerg iwwert eng Impfflicht fir de Gesondheets- a Fleegesecteur ze diskutéieren. Dat ënnersträicht hier Presidentin Anne-Marie Hanff am RTL Interview an dat gouf och esou de leschte Freideg op der Generalversammlung festgehal. Firwat et an den Alters- a Fleegeheemer Clusteren gëtt, dat misst emol fir d'éischt analyséiert ginn, Dany Rasqué
