Asti CEFIS-Enquête Capverdianer Keup BAND

''Wann ee seet, meng Experienz ass méi wichteg, ewéi déi vun enger Etüd, da muss ee sech froen op eng wëssenschaftlech Fuerschung iwwerhaapt nach e Wäert huet'', esou d'ASTI-Presidentin Laura Zuccoli an hirer Reaktioun op dem Fred Keup seng Aussoen als Moies-Invité dës Woch hei um Radio. D'Asti-Presidentin hat an enger Carte Blanche jo ënnert anerem gesot, dass laut Etüde besonnesch kapverdianesch Jongen an der Schoul nach ëmmer massiv a Filièren orientéiert ginn, an deenen si keng oder ganz wéineg Qualifikatiounen erreechen. Tim Morizet
