Consentec-Etude iwwer Zoumaachen vu Cattenom

35 Joer nom Accident zu Tschernobyl an 10 Joer no deem zu Fukushima réckelt d'Debatt vun der Atomkraaft erëm an de Virdergrond. Atomkraaftwierker wieren net nëmme geféierlech, mee och deier an net nohalteg genuch. Eng Etüd vun den Ëmweltministère aus Lëtzebuerg, dem Saarland a Rheinland Pfalz huet elo den Notze vu Cattenom analyséiert a festgestallt, dass d'Reaktoren kennen ausgeschalt ginn, ouni dass hei d'Luuchten all aus ginn. D'Nadine Kremer.
