Extensioun SEBES Band

Et ass e Joerhonnertprojet ...déi nei Anlag vun der SEBES, déi den Ament zu Eschduerf gebaut gëtt. Eng Rei Deputéiert aus der parlamentarescher Ëmweltkommissioun an d'Ressortministesch Carole Dieschbourg waren dee Chantier haut kucken, ier d'Chamber déi aner Woch en Donneschden e weidert Finanzéierungsgesetz stëmmt. Déi nei Drénkwaasseranlag gëtt, mat 207 Milliounen Euro, iwwer 42 Milliounen méi deier wéi virgesinn. De Staat iwwerhëlt d'Halschent vun de globale Käschten an dofir muss nach emol e Gesetz gestëmmt ginn, fir déi zousätzlech 21,2 Milliounen Dany Rasqué
